44 Memberen hunn sech de 16. Mäerz zu Hesper fir d’Assemblée Générale vum
ALBSC afonnt. Invitéiert waren och eis Partner vum Veräin souwéi
Politiker a Vertrieder aus der Politik.
No dem offizielle Programm vum Owend ass dësen an engem gemittleche
gemeinsamen Iessen ausgeklongen.
D’Band AM/FM huet de musikalesche Kader vum Owend gestalt
a fir eng flott Ambiance gesuergt.