admin
Save the Dates
Save the Dates
All Evenmenter fir Joer 2026 vun der ALBSC ob engem Bléck
Generalversammlung 2026
📅 Mëttwoch, 18. Mäerz 2026
📍 CELO – Hesper
Generalversammlung um 18:30 Auer, duerno e gemeinsame Iessen offréiert vun der ALBSC.
Zielgrupp: Memberen vu der ALBSC.
Formation continue – Contrôle et Réceptions Procédés Béton Asphaltiques Voiries
📅 Donneschdeg, 07. Mee 2026
📍 Kulturfabrik – Esch-sur-Alzette
Diese Formation vermittelt Fachkompetenz in Qualitätskontrolle und Abnahme von Straßenbauprojekten. Schwerpunkte sind Betonverfahren, Asphaltmischungen und deren fachgerechte Überprüfung bei Straßenbauarbeiten.
Formation continue – Mesurages & Emprises Cadastrales
📅 Donneschdeg, 29. Oktober 2026
📍 Kulturfabrik – Esch-sur-Alzette
Diese Formation behandelt die Kernthemen des Katasters und der Vermessung: Abgrenzungen, Flurstücke, vertikales Kataster, topografische Aufnahmen, Vermessungen, Gebäudeabnahmen und Servituten.
Formation: d’Accessibilitéit vu öffentlechen Infrastrukturen an Gebaier
Gudde Owend, léif Memberen a Frënn vun der ALBSC,
D’ALBSC huet d’Éier, Iech op eng Formatioun iwwert Accessibilitéit anzelauden, déi den 27. November stattfënnt.
Dës Formatioun behandelt ee zentralt Thema an eisem Berufsfeld – d’Accessibilitéit vu öffentlechen Infrastrukturen an Gebaier als essentiell Viraussetzung, fir datt all Mënsch sech fräi an onofhängeg am ëffentleche Raum beweege kann.
De detailléierte Programm souwéi de Formulaire fir d’Umeldung fannt Dir héi:
Détails – Formatioun Accessibilitéit.
Mir géifen eis freeën, Iech bei dëser wichteger Veranstaltung begréissen ze dierfen.
Mat frëndleche Gréiss,
D’Komitee vun der ALBSC
Gudde Moien leiw Memberen an Frënn vu der ALBSC
weinst diversen Server Problemer, hunn mir dezidéiert eis Prestatairen ze wiesseln.
An nächster Zait weart hei eis nei Internetpräsenz enstoen.
Entrevue vum Bureau exécutif mat der Fraktioun vun der Demokratescher Partei
D’ALBSC war de 9. Oktober bei der DP Fraktioun, fir am Interessi vun eise Membere mat hinnen eng Rei Doleancen ze diskutéieren. Zesumme mam Deputéierte Gusty Graas goufen an enger konstruktiver Diskussioun eng ganz Rei Sujeten ugeschnidden, an zréckbehale fir déi an enger nächster Entrevue am Januar ze verdéiwen.
no images were found
Formation – Meilleures techniques contre les inondations – 8 novembre 2024
Gudden Moien léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Mir hunn dës Kéier e Sujet ausgewielt, mat dem mir an den Gemengen an der Praxis ëmmer méi befaasst ginn.
Duerch den Klimawandel gëtt et ëmmer méi an staark Reenereegnisser, déi zou Iwwerschwemmungen féieren, an Schued un den Infrastrukturen an Gebaier uriichten.
Dobäi klëmmt duerch dës steigend Intensitéit den Risiko och ëmmer méi un, dass Mënschen an Déier an Gefor kommen.
Verschiddenen baulech Mesuren kënnen Ausmooss vun Schied miniméieren, wann Gemengen sou wéi och Privatléit dës ëmsetzen.
Am Kader vun eiser Formatioun stellen iech Expert’en verschiddenen Iwwerleeungen an Techniken géint Iwwerschwemmungen vir.
Mir hoffen dofir op reegen Interessi, vill interessant Froen a flott Echangen !
Gären kennt dir och är politesch Responsabel mat invitéieren an umellen.
Wéi gewinnt kennt dir iech iwwer dëse Link umellen: https://albsc.lu/?page_id=5739.
D’Umeldung ass méiglech bis den 31 Oktober 2024.
Bei Froen zur der Formatioun kënnt dier iech gären per E-mail mëllen.
Visitt: Contournement Dippach
Den 12 Juli war de Comité ob enger flotter Visite Technique vum Contournement zu Dippech.
De Contournement gëtt an Zesummenaarbecht vun der P&Ch an der CFL realiséiert a soll Verkéierssituatioun zu Dippech verbesseren. De Verkéiersfloss duerch Dippech ass an der aktueller Situatioun schwiereg an dat wéinst der Zuchstreck déi matzen duerch Dippech verleeft. Doduerch, dass Gare och nach nieft der Haaptverkéiersachs léit si Barrièrë munchmol 40 Minutte pro Stonn zou. Dëst suergt fir alldeeglech fir e gréissere Réckstau.
Duerch den néie Contournement, vu méi wéi 2 km Längt,soll dës Situatioun entschäerft ginn. De Bau vum Contournement féiert de komplette Verkéier vun enger Extremitéit vun Dippech zu Anerer.Doduerch entfält den „Passage à Niveau“ am Duerfkär an de Verkéier gëtt obligéiert de Contournement ze notzen fir vun enger Säit vum Duerf ob déi aner ze kommen.
Mir soen der P&CH Merci fir dës flott Visitt.
Contournement de Dippach-Gare – Projets – Portail des travaux publics – Luxembourg