7 Joer sinn et elo schonn hier datt mir d’ALBSC gegrënnt hunn, an heimat bass du ganz häerzlech op eis uerdentlech Generalversammlung invitéiert, déi dëst Joer Donneschdes de 25. Mäerz stattfënnt.
Den Ordre du jour fënns du hei:[wpdm_package id=4566 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Hei ass den ordre du jour: AG-2020

Règlement grand-ducal du 17 avril 2020 portant introduction d’une série de mesures en matière de sécurité et santé au travail dans le cadre de la lutte contre le COVID-19.
Am Kader vum COVID-19, hutt dir alleguer matkritt, dat ab dem nächste Méindeg erëm ob de Chantier’en däerf geschafft ginn.
D’Entreprise’en sinn elo an der Flicht, dofir ze suergen dat zousätzlech „d’Mesures sanitäres“ mussen agehaale ginn.
An deem Sënn huet d’Fédération des Artisans ob hirem Site www.fda.lu eng „Toolbox“ ausgeschafft, un déi si sech missten halen.
An dëser „Toolbox“ ass an der Annexe 6 eng Checklëscht dran, wou et elo gutt méiglech ass, dat d’Entreprise vun Iech verlaangt, fir dat Dir am Numm vum Bauhär déi Checklëscht sollt ënnerschreiwen.
Mir wëllen Iech drop hiweisen dat esou eng Fuerderung net an d‘Kompetenze vum Bauhär fällt, an Dir dat och net sollt am Numm vum Bauhär ënnerschreiwen, an zwar aus folgende Grënn :
Dir fannt des Texter nach emol am Detail hei hannen drun.
Dofir de Rotschlo un Iech, fir niewent der Toolbox vun der FDA, déi an sech ee Rappell vun der Base légale duerstellt, d’Punkte vum Code du Travail a vum Règlement Chantiers temporaires et mobiles ze liesen, fir dat Dir am Sënn vun der Gesondheet vun all den Intervenant’en um Chantier kennt handelen.
pdf–> annexe-6-check-list-chantier
An dësem Forum kenne mir als agents communaux Froen stellen, Äntwerten ginn, den Kollegen hëllefen an och selwer gehollef kréien, alles zum Thema covid19 a Relatioun mat eiser Aarbecht op den Gemengen.
Et ginn schonn e puer Themen proposéiert, dir sidd frei fir weider Sujet‘en unzeschwätzen.
Macht mat an deelt et sou vill wéi méiglech.
Wann der vill vun eis matmaachen … kann och villen vun eis gehollef ginn
Hei den Link zum Forum: http://www.placom-covid19.lu/forum/
Merci un den Marco vun der Gemeng Kielen.