[wpdm_package id=2039 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Pétitioun am Zesummenhang mat der Gehälterreform beim Staat an de Gemengen
Pétitioun 660
Signatures électroniques: 698 (28/06/2016 – 10:00)
Am Zesummenhang mat der Gehälterreform beim Staat an de Gemengen hu mir als ALBSC kierzlech eng Petitioun deposéiert.
Wéi dir sécher wësst, ass d’Gehälterreform beim Staat zanter dem 1.10.2015 a Kraaft an de Gemengesecteur, deen an sech par Rapport zum Staat assimiléiert ass, huet mëttlerweil scho ganzer 14 Méint Retard.
Dëst ass et an där Form nach ni ginn, datt mir esoulaang hu misse waarden!
Och wann et wahrscheinlech Grënn gëtt déi dëst erklären, esou ass dat fir eis net méi nozevollzéien an et kann an eisen Aen net sinn, datt doduerch Nodeeler fir e ganze Secteur par Rapport zu de Kolleginnen an Kollege beim Staat entstinn.
De Gemengesecteur zielt ëmmerhi ronn 15.000 Persounen a mir sinn der Meenung datt et un der Zäit ass sech dogéint ze wieren.
Dofir froe mir datt dës Dispositiounen, esoubal se vum Gesetzgeber guttgeheescht goufen, réckwierkend ob den 1.10.2015 applizéiert solle ginn!
Hei ënnendrënner fann dir de Link zu eiser Petitioun, déi nëmmen eng Chance huet, wann der esouvill ewéi méiglech vun iech dës Saach ënnerstëtzen.
http://chd.lu/wps/portal/public/SignerPetition?action=doPetitionSignature&id=710
D’Petitioun ass vum 6.6.2016 bis den 18.7.2016 online an et wär wichteg datt dir am Interessi vun eis all dës Petitioun esou séier ewéi méiglech ënnerschreiwt!
Schéckt dëst w.e.g. op ärer Verwaltung un all Kolleginnen a Kollegen, fir datt och séchergestallt ass, datt mir si iwwer dëse Wee erreechen. Vergiesst och är Schäffen a Gemengeréit net. Mir schreiwen d’Gemengen a Syndikater zwar och parallel un, mee et ass net sécher, datt dës Informatiounen ëmmer u jidderee verdeelt ginn.
Frot är Familljememberen a Bekannte fir d’Petitioun och mat ze ënnerschreiwen, esou datt mir an deene 40 Deeg méiglechst vill Ënnerschrëfte kënne sammelen.
Mir soen iech schonn am Viraus Merci fir d’Ënnerstëtzung.
[wpdm_package id=2014 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Och d’FGFC ënnerstetzt eis Pétitioun:
Eis Proposen beim Reglement vun der Gehälterreform
[wpdm_package id=2028 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Entrevue mam Yves Cruchten vun der LSAP den 26.05.2016
Hei eis et haaptsächlech em’t Gehälterreform am Gemengesecteur gaangen.

Formatioun am Aménagement du territoire vun der Uni.lu
[wpdm_package id=1986 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Detailer fann dir ënner dësem Link: http://wwwen.uni.lu/formations/flshase/formation_continue_en_amenagement_du_territoire/
Aschreiwen kann een sech hei: http://wwwen.uni.lu/students/application_re_registration
conférence «Nos chers voisins » les 7 et 9 juin 2016
Conférence portant sur «Nos chers voisins » à l’Hôtel PARC BELAIR qui se tiendra les 7 et 9 juin 2016
[wpdm_package id=1980 template=“link-template-calltoaction3.php“]
[wpdm_package id=1982 template=“link-template-calltoaction3.php“]
Formation continue – La prévention incendie
[wpdm_package id=1771 template=“link-template-calltoaction3.php“]



