Save the Dates

Save the Dates

All Evenmenter fir Joer 2026 vun der ALBSC ob engem Bléck

Assemblée générale 2026

📅 Mëttwoch, 18. Mäerz 2026

📍 CELO – Hesperange

Début de l’Assemblée générale à 18:30h, suivi d’un dîner commun offert par l‘ ALBSC.
Zielgrupp: Membres de l‘ALBSC.

Formation continue – Contrôle et Réceptions Procédés Béton Asphaltiques Voiries

📅 Donneschdeg, 07. Mee 2026

📍 Kulturfabrik – Esch-sur-Alzette

Umëllung kënnt no

Diese Formation vermittelt Fachkompetenz in Qualitätskontrolle und Abnahme von Straßenbauprojekten. Schwerpunkte sind Betonverfahren, Asphaltmischungen und deren fachgerechte Überprüfung bei Straßenbauarbeiten.

Formation continue – Mesurages & Emprises Cadastrales

📅 Donneschdeg, 29. Oktober 2026

📍 Kulturfabrik – Esch-sur-Alzette

Umëllung kënnt no

Diese Formation behandelt die Kernthemen des Katasters und der Vermessung: Abgrenzungen, Flurstücke, vertikales Kataster, topografische Aufnahmen, Vermessungen, Gebäudeabnahmen und Servituten.

Formation continue iwwert d’Gesetzgebung zur Barrièrefräiheet vun ëffentleche Gebaier a Verkéiersflächen

Formation continue

Barrièrefräiheet fir jiddereen

27. November 2025
100 Participanten

Den 27. November huet eng Formation continue zur aktueller Gesetzgebung betreffend d’Barrièrefräiheet fir jiddereen an ëffentlech zougängleche Gebaier an op ëffentleche Weeër stattfonnt. Insgesamt hu 100 Persounen deelgeholl.

Am Mëttelpunkt vun der Weiderbildung stoungen déi aktuell Reglementatioun an virun allem d’Fro, wéi gebaut muss ginn, fir dass Mënsche mat enger Behënnerung all Plaz ouni Aschränkunge kënne betrieden. Dobäi goufen d’bautechnesch Ufuerderungen, wéi barrièrefräi Entréen, genuch Beweegungsflächen, Orientéierungshëllefen, technesch Equipementer an déi jeeweileg Normen, am Detail erkläert.

Ausserdeem gouf erkläert, bis wéini bestehend Gebaier mussen ugepasst ginn, fir de gesetzleche Virschrëften ze entspriechen. D’Participanten hunn domat e Iwwerbléck iwwer déi obligatoresch baulich Mesuren kritt, déi noutwenneg sinn, fir eng komplett zougänglech Ëmwelt ze schafen.

D’Veranstaltung huet  e wichtegen Abléck an d’Gesetzgebung fir d’Gemengeresponsabel gebueden.

Formation: d’Accessibilitéit vu öffentlechen Infrastrukturen an Gebaier

Gudde Owend, léif Memberen a Frënn vun der ALBSC,

D’ALBSC huet d’Éier, Iech op eng Formatioun iwwert Accessibilitéit anzelauden, déi den 27. November stattfënnt.

Dës Formatioun behandelt ee zentralt Thema an eisem Berufsfeld – d’Accessibilitéit vu öffentlechen Infrastrukturen an Gebaier als essentiell Viraussetzung, fir datt all Mënsch sech fräi an onofhängeg am ëffentleche Raum beweege kann.

De detailléierte Programm souwéi de Formulaire fir d’Umeldung fannt Dir héi:

Détails – Formatioun Accessibilitéit.

Mir géifen eis freeën, Iech bei dëser wichteger Veranstaltung begréissen ze dierfen.

Mat frëndleche Gréiss,

D’Komitee vun der ALBSC


Visitt: Atomkraftzentral Cattenom

ALBSC war den Oktober mat sengen Memberen Atomkraftzentral vu Cattenom kucken.

Niewt eng allgemenger Präsentatioun, haaten mer Méiglechkeet den Maschinenraum an Kommandozentral vu engem Reaktor ze besiichen.

Fotoen vu anneren Visitten fannt Dir héi:

Fotoen

ALBSC - Cattenom 01

Bild 1 von 1