ALBSC – Communiqué: Entrevue mam Minister Dan Kersch

Gëschter Moien den 18.04.2018 war d’ALBSC bei enger Entrevue mam Minister Dan Kersch derbäi, wou et em de geplangte Gesetzesprojet 7245 an sengen rezente Amendementer goung, deen de Reklassement vun de Carrièren am ëffentlechen Déngscht soll iwwerschaffen, dëst retroaktiv op den 1.1.2018.
Wëll dëse Reklassement och am Gemengesecteur wäert iwwer e groussherzoglecht Reglement ëmgesat ginn, war et ëmsou méi wichteg datt mir als eenzeg Associatioun aus dem Gemengesecteur fir eis Carrière mat um Dësch souzen, fir kënnen am Virfeld op verschidden Aspekter a Problemer hinzeweisen, déi eis betreffen.
Den Här Minister huet zougesot dass hien sech derfir asetzt dass de Stéchdatum vum 1.1.2018 och fir de Gemengesecteur vun Reklassement am Reglement soll festgehale ginn.
Den Detail kënnt der ënner dësem Link um Portail vun der Fonction publique noliesen:

http://www.fonction-publique.public.lu/fr/actualites/articles-actualites/2018/04/20180418_reclassement/index.html

Fotoen vun der Generalversammlung den 22.03.2018

click here

assembléee générale ALBSC – Hesperange – 22.03.2018 © claude piscitelli

Zesummestellung vun eise Manifestatiounen 2018:

17.5 – Formatioun 1 – „Enrobés“
8.6 – Visite de l’usine de Kronimus à Iffezheim (D)
28.9 – Visite technique „Assainissement“
November – Foire de l‘étudiant
15.11 – Formatioun 2 – „Etablissements classés“

Veröffentlicht unter ALBSC

D’Reform bei den Gemengen trëtt den 1. September 2017 a Kraaft.

Den 5. Juli, ass an der Chamber d’Reform gestëmmt ginn. Des Reform ass beim Staat schonns säit dem 1.10.2015 a Kraaft!!!
Den 1. September ass et dann och elo endlech op den Gemengen esou wäit.
Mär als ALBSC fannen et nach emmer ongerecht dass des Reform net retroaktiv op den 1.10.2015 esou ewéi beim Staat applizéiert ginn ass.