Etat de crise – Reprise des chantiers le 20.4.2020

Am Kader vum COVID-19, hutt dir alleguer matkritt, dat ab dem nächste Méindeg erëm ob de Chantier’en däerf geschafft ginn.
D’Entreprise’en sinn elo an der Flicht, dofir ze suergen dat zousätzlech „d’Mesures sanitäres“ mussen agehaale ginn.
An deem Sënn huet d’Fédération des Artisans ob hirem Site www.fda.lu eng „Toolbox“ ausgeschafft, un déi si sech missten halen.
An dëser „Toolbox“ ass an der Annexe 6 eng Checklëscht dran, wou et elo gutt méiglech ass, dat d’Entreprise vun Iech verlaangt, fir dat Dir am Numm vum Bauhär déi Checklëscht sollt ënnerschreiwen.
Mir wëllen Iech drop hiweisen dat esou eng Fuerderung net an d‘Kompetenze vum Bauhär fällt, an Dir dat och net sollt am Numm vum Bauhär ënnerschreiwen, an zwar aus folgende Grënn :

  1. De Code du Travail huet an den Artikelen 312-1 an 312-2 d’Obligatioune vum Employeur fixéiert.
  2. D’ « Règlement grand-ducal du 27 juin 2008 concernant les prescriptions minimales de sécurité et de santé à mettre en oeuvre sur les chantiers temporaires ou mobiles » fixéiert an dem Artikel 15 an an de Punkte 14 a 15 vun der Partie A vun der Annexe IV d’Mindestkonditiounen déi d’Entreprise Punkto Sanitärmossnahme muss respektéieren.

Dir fannt des Texter nach emol am Detail hei hannen drun.
Dofir de Rotschlo un Iech, fir niewent der Toolbox vun der FDA, déi an sech ee Rappell vun der Base légale duerstellt, d’Punkte vum Code du Travail a vum Règlement Chantiers temporaires et mobiles ze liesen, fir dat Dir am Sënn vun der Gesondheet vun all den Intervenant’en um Chantier kennt handelen.

pdf–> annexe-6-check-list-chantier

pdf –> extrait-code-travail

Forum „Plateforme communale-covid19“

An dësem Forum kenne mir als agents communaux Froen stellen, Äntwerten ginn, den Kollegen hëllefen an och selwer gehollef kréien, alles zum Thema covid19 a Relatioun mat eiser Aarbecht op den Gemengen.
Et ginn schonn e puer Themen proposéiert, dir sidd frei fir weider Sujet‘en unzeschwätzen.
Macht mat an deelt et sou vill wéi méiglech.
Wann der vill vun eis matmaachen … kann och villen vun eis gehollef ginn

Hei den Link zum Forum: http://www.placom-covid19.lu/forum/

Merci un den Marco vun der Gemeng Kielen.

Emfroo zur Gemengegesetzreform

Mir wëlle wëssen, wat Dir denkt !

Mir wëllen Iech froen, Iech 10-15 Minutten Zäit ze huelen fir eng ronn 20 Froen iwwert d’Liewen an ärer Gemeng ze beäntweren.

Dëse Questionnaire ass am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz zu Lëtzebuerg ausgeschafft ginn, dat an de nächste Joren a verschiddene Phasen iwwerschafft wäert ginn. Et ass e Prozess dee BiergerInnen, PolitikerInnen, Gemengen an aner Acteure mat abezitt.

Fir deel ze huelen einfach den Logo hei drecken:

Formation continue dans le domaine des chantiers de construction 14/11/2019

Umeldung fir eis 2. Formatioun vun dësem Joer, wou et em d ‘Sécherheet op de Chantieren wäert goen, e Sujet mat deem der vill vun eis all Dag ze dinn hunn op de Chantieren wou mir géréieren.
De genee Programm ass hei: Invitation formation 14.11.2019
Wéi gewinnt kënnt dir iech iwwer eise Link umellen, des Formatioun ass och fir „Net Memberen“ geduecht: https://wp.me/P4ubuR-144