Entrevue vum Bureau exécutif mat der Fraktioun vun der Demokratescher Partei

 D’ALBSC war de 9. Oktober bei der DP Fraktioun, fir am Interessi vun eise Membere mat hinnen eng Rei Doleancen ze diskutéieren. Zesumme mam Deputéierte Gusty Graas goufen an enger konstruktiver Diskussioun eng ganz Rei Sujeten ugeschnidden, an zréckbehale fir déi an enger nächster Entrevue am Januar ze verdéiwen.

[ngg src=“galleries“ ids=“52″ display=“basic_thumbnail“ thumbnail_crop=“0″]

Veröffentlicht unter ALBSC

Formation – Meilleures techniques contre les inondations – 8 novembre 2024

Gudden Moien léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir hunn dës Kéier e Sujet ausgewielt, mat dem mir an den Gemengen an der Praxis ëmmer méi befaasst ginn.

Duerch den Klimawandel gëtt et ëmmer méi an staark Reenereegnisser, déi zou Iwwerschwemmungen féieren, an Schued un den Infrastrukturen an Gebaier uriichten.
Dobäi klëmmt duerch dës steigend Intensitéit den Risiko och ëmmer méi un, dass Mënschen an Déier an Gefor kommen.
Verschiddenen baulech Mesuren kënnen Ausmooss vun Schied miniméieren, wann Gemengen sou wéi och Privatléit dës ëmsetzen.

Am Kader vun eiser Formatioun stellen iech Expert’en verschiddenen Iwwerleeungen an Techniken géint Iwwerschwemmungen vir.

Mir hoffen dofir op reegen Interessi, vill interessant Froen a flott Echangen !
Gären kennt dir och är politesch Responsabel mat invitéieren an umellen.
Wéi gewinnt kennt dir iech iwwer dëse Link umellen: https://albsc.lu/?page_id=5739.

Offizielen Programm

D’Umeldung ass méiglech bis den 31 Oktober 2024.
Bei Froen zur der Formatioun kënnt dier iech gären per E-mail mëllen.

 

Veröffentlicht unter ALBSC

Visitt: Contournement Dippach

Den 12 Juli war de Comité ob enger flotter Visite Technique vum Contournement  zu Dippech.

De Contournement gëtt an Zesummenaarbecht vun der P&Ch an der CFL realiséiert a soll Verkéierssituatioun zu Dippech verbesseren. De Verkéiersfloss duerch Dippech ass an der aktueller Situatioun schwiereg an dat wéinst der Zuchstreck déi matzen duerch Dippech verleeft. Doduerch, dass Gare och nach nieft der Haaptverkéiersachs léit si Barrièrë munchmol 40 Minutte pro Stonn zou. Dëst suergt fir alldeeglech fir e gréissere Réckstau.

Duerch den néie Contournement, vu méi wéi 2 km Längt,soll dës Situatioun entschäerft ginn. De Bau vum Contournement  féiert de komplette  Verkéier vun enger Extremitéit vun Dippech zu Anerer.Doduerch entfält den „Passage à Niveau“ am Duerfkär an de Verkéier gëtt obligéiert de Contournement ze notzen fir vun enger Säit vum Duerf ob déi aner ze kommen.

Mir soen der  P&CH Merci fir dës flott Visitt.

Contournement de Dippach-Gare – Projets – Portail des travaux publics – Luxembourg

[ngg src=“galleries“ ids=“51″ exclusions=“172,173,174,176,177,183,222,223,248,249,251,252,253,254,255,256,783″ display=“basic_slideshow“]

Veröffentlicht unter ALBSC

290 Memberen

Mir si frou kennen ze annoncéieren, datt mir mëttlerweil 290 Memberen an eise Reie kennen zielen.

Veröffentlicht unter ALBSC

Assemblée général 2024

De 6 Mäerz hat ALBSC hier 10. Assemblée générale. Dës gouf esou wéi d‘Grënnungversammlung genau op den Dag virun 10 Joer och zu Hesper ofgehalen am ganz néie Centre civique. Mat iwwert 70 Memberen a verschiddenen Invitéen (Partner vun eise Formatiounen) ware mir och ganz houfreg eisen néien Innenminister, den Här Léon Gloden bei eis ze begréissen. No de Berichter vum President, Sekretär a Caissier huet souwuel den Innenminister wéi och den Hesper Schäffen a Vize-President vum Syvicol  Guy Wester e puer Wuert un eis Membere geriichtt. Mir haten och 2 Leit déi de Comité no laange Jore verlooss hu mee mir konnte 4 néi Membere vir an Comité begréissen. Duerno si mir all zesummen an de Restaurant gaange wou mir e gemittlechen Owend zesumme verbruecht hunn an eis rëm ënnerenee konnten austauschen.

[ngg src=“galleries“ ids=“50″ display=“basic_thumbnail“ thumbnail_crop=“0″]

Veröffentlicht unter ALBSC

LJBM – Matinée „Beruffer a Formatiounen am Bausecteur“

Cellule d’Orientation vum LJBM (Lycée Josy Barthel Mamer) haten eng Matinée fir hir 1ère an 2e Schüler aus der Formation Professionnelle, Générale a Classique (+- 150 Schüler) organiséiert vir’t Beruffer a Formatiounen aus dem Bausecteur virzestellen.

Dëst war den Dënschdes 6. Februar 2024 am Festsall vum LJBM. All Intervenant hat eng 10 Minutte fir iwwert säi Beruff ze schwätzen.Duerno hate Schüler d’Méiglechkeet fir den Intervenant’n Froen ze stellen.

 ALBSC war mat 2 vun eise Comitésmembere vertruede vir méi jonker vir eise Beruff ze motivéieren.

[ngg src=“galleries“ ids=“49″ display=“basic_thumbnail“ thumbnail_crop=“0″] 

Veröffentlicht unter ALBSC

Entrevue mam Innenminister Léon Gloden

Den 8 Februar 2024 waren Vertrieder vun eisem Comité beim Innenminister Léon Gloden, Mir hu verschidden Uleiesse vun eis ugeschwat a festgehalen eis nach eng éier dëst Joer ze gesinn. Selbstverständlech hu mir eise Minister och op eis Assemblée Générale vum 6 Mäerz 2024 invitéiert.

 

[ngg src=“galleries“ ids=“48″ display=“basic_thumbnail“ thumbnail_crop=“0″]

Veröffentlicht unter ALBSC

Kalenner 2024

Kalenner 2024

06/03/2024 – Generalversammlung zu Hesper

03/05/2024 – Formatioun 1

23/05/2024 – 25/05/2024 Voyages d’études 10 ans ALBSC

08/11/2024 – Formatioun 2

Veröffentlicht unter ALBSC