Den 12 Juli war de Comité ob enger flotter Visite Technique vum Contournement zu Dippech.
De Contournement gëtt an Zesummenaarbecht vun der P&Ch an der CFL realiséiert a soll Verkéierssituatioun zu Dippech verbesseren. De Verkéiersfloss duerch Dippech ass an der aktueller Situatioun schwiereg an dat wéinst der Zuchstreck déi matzen duerch Dippech verleeft. Doduerch, dass Gare och nach nieft der Haaptverkéiersachs léit si Barrièrë munchmol 40 Minutte pro Stonn zou. Dëst suergt fir alldeeglech fir e gréissere Réckstau.
Duerch den néie Contournement, vu méi wéi 2 km Längt,soll dës Situatioun entschäerft ginn. De Bau vum Contournement féiert de komplette Verkéier vun enger Extremitéit vun Dippech zu Anerer.Doduerch entfält den “Passage à Niveau” am Duerfkär an de Verkéier gëtt obligéiert de Contournement ze notzen fir vun enger Säit vum Duerf ob déi aner ze kommen.
Mir soen der P&CH Merci fir dës flott Visitt.
Contournement de Dippach-Gare – Projets – Portail des travaux publics – Luxembourg