Formation continue iwwert d’Gesetzgebung zur Barrièrefräiheet vun ëffentleche Gebaier a Verkéiersflächen

Formation continue

Barrièrefräiheet fir jiddereen

27. November 2025
100 Participanten

Den 27. November huet eng Formation continue zur aktueller Gesetzgebung betreffend d’Barrièrefräiheet fir jiddereen an ëffentlech zougängleche Gebaier an op ëffentleche Weeër stattfonnt. Insgesamt hu 100 Persounen deelgeholl.

Am Mëttelpunkt vun der Weiderbildung stoungen déi aktuell Reglementatioun an virun allem d’Fro, wéi gebaut muss ginn, fir dass Mënsche mat enger Behënnerung all Plaz ouni Aschränkunge kënne betrieden. Dobäi goufen d’bautechnesch Ufuerderungen, wéi barrièrefräi Entréen, genuch Beweegungsflächen, Orientéierungshëllefen, technesch Equipementer an déi jeeweileg Normen, am Detail erkläert.

Ausserdeem gouf erkläert, bis wéini bestehend Gebaier mussen ugepasst ginn, fir de gesetzleche Virschrëften ze entspriechen. D’Participanten hunn domat e Iwwerbléck iwwer déi obligatoresch baulich Mesuren kritt, déi noutwenneg sinn, fir eng komplett zougänglech Ëmwelt ze schafen.

D’Veranstaltung huet  e wichtegen Abléck an d’Gesetzgebung fir d’Gemengeresponsabel gebueden.

Visitt: Atomkraftzentral Cattenom

ALBSC war den Oktober mat sengen Memberen Atomkraftzentral vu Cattenom kucken.

Niewt eng allgemenger Präsentatioun, haaten mer Méiglechkeet den Maschinenraum an Kommandozentral vu engem Reaktor ze besiichen.

Fotoen vu anneren Visitten fannt Dir héi:

Fotoen

ALBSC - Cattenom 01

Bild 1 von 1