E puer Wuert zur ALBSC
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Erlaabt eis e puer Wuert an eegener Saach ze soen an iech an e puer Zeilen ze erklären, ween d’ALBSC ass, wéi mir entstanen sinn a wat eis Zieler sinn.
Wien si mir?
D‘ALBSC ass d’Association professionnelle aus dem Gemengesecteur, an där sech ufanks d’Ingénieurs Techniciens, mee mëttlerweil och ëmmer méi Ingénieurs diplômés, spréch d’Gemengen Ingénieuren zesummeschléissen, fir hier gemeinsam Interessen no baussen ze vertrieden.
D’Associatioun zielt momentan 290 Memberen a gëtt geréiert vun engem Comité mat 12 Leit.
Wéi si mir entstanen?
Eis Urspréng ginn zréck op d’Joren 2008 an 2009. Deemools hat sech e Groupe vun 22 Leit zesummefond, fir opgrond vun der geplangter Reform vun de Carrière’en am ëffentlechen Déngscht am Kader vum Bologna Prozess, eng gemeinsam Positioun betreffend eis Revendikatiounen auszeschaffen.
Dëse Pabeier gouf deemools vun net manner ewéi 120 Kolleginnen a Kollegen ënnerstëtzt.
Nieft der Gehälterreform gouf et och aner Sujet’en déi deene Meeschten vun eis scho jorelaang ënnert de Neel gebrannt hunn, an d’Onzefriddenheet mat de Gewerkschaftsvertrieder aus Gemengesecteur ass no a no méi grouss ginn.
D’Fuerderung no enger eegestänneger an onoofhängeger Associatioun, huet ëmmer méi Gewiicht kritt, an Ufank 2014 huet dorops hinn en Groupe vun 32 Leit publizéiert, datt si d’Intentioun hätten, fir eng eegestänneg Associatioun ze grënnen.
No der enorm positiver Resonanz bei de Kolleginnen a Kollegen op des Initiativ hinn, ass schliisslech d’ALBSC am Mäerz 2014 als asblzu Hesper gegrënnt ginn.
Sou ass et och net verwonnerlech, datt d’ALBSC no ronn 6 Joër schonn esouvill Memberen an hire Reie kann zielen.
Wat sinn eis Zieler an wéi funktionéiere mir?
- Transparenz an Informatioun
Mir informéieren eis Membere schnell, efficace an esou gutt wéi méiglech mat „Mailing’en“ iwwer Sujeten, déi fir hir Carrière relevant sinn.
Mir informéieren eis Membere regelméisseg iwwer d’Aarbecht déi am Comité geleescht gëtt.
Mir funktionéieren transparent a setzen op méiglechst vill Kommunikatioun ënnereneen. Mir hunn en Internetsite wou interessant Dokumenter ze fanne sinn a flott Servicer ugebuede ginn.
Sou fannt dir do zum Beispill verschidde Formatiounen déi an eisem Beräich ugebuede ginn, e Forum, wou dir Froen zu bestëmmte Sujet’en kënnt stellen oder awer och d’Annoncë vun de oppene Platzen am Secteur, iwwer déi mir och e regelméissege Suivi maachen.
- Formatioun
Mir bidden Formatiounen a Seminairë mat Themen un, déi fir eis Membere vun Interessi sinn.
Esou hu mir scho Formatiounen am Beräich vun der Drénkwaasserversuergung ofgehalen, awer och e Seminaire iwwert de Sécherheetsdelegéierten am ëffentlechen Déngscht a rezent Formatiounen am Kader vum Energiepass, Brandschutz, Assainissement a Klimapakt.
Fir d’Zukunft si weider Fortbildungscoursen mat de Sujet’en Bauschied, Urbanismus an Stroossebau geplangt.
- Fërderung vun der Kollegialitéit
Mir hunn festgestallt datt um Terrain e ganz grousse Manktem un Austausch ënnert de Kolleginnen a Kollege besteet.
Mir schaffen deem aktiv entgéint an deem mir jäerlech a Bachelor-Day organiséiere wou et drëms geet d’Kolleginnen a Kollege besser kënnen ze léieren. Mir verbannen dat Ganzt jeeweils mat enger interessanter Formatioun
- Austausch vun Erfahrungen
Mir wëllen et deene méi Jonken ënnert eis erméigleche vun der Erfahrung vun Deenen, déi scho méi laang derbäi sinn, kënnen ze profitéieren.
Dëst geschitt duerch direkte Kontakt an duerch Austausch vun Dokumenter.
Fir Kolleginnen a Kollegen déi ob klenge Verwaltunge meeschtens ob sech alleng gestallt sinn, ass dësen Austausch enorm wichteg.
- De Besoin’en no schaffen
Mir schaffen no de Besoin’en vun eise Kolleginnen a Kollegen. Dofir maache mir Sondage fir erauszefanne wou de Schong dréckt.
Mir setzen dorops hin Aarbechtsgruppen op d’Been, déi un Sujet’en schafft, déi eise Memberen dono hier Aarbecht soll vereinfachen.
Mir sinn op fir gutt Iddi’en a funktionéieren net just top-down. Dofir gräife mir Virschléi vun eise Memberen op, a probéieren déi esou gutt et geet ëmzesetzen.
Weider interessant Informatiounen iwwer d’ALBSC fannt dir och op eisem Internetsite www.albsc.lu esou wéi op Facebook ënner https://www.facebook.com/A-L-B-S-C-1426654330914817/
De Conseil d’Administration vun der ALBSC