Category Archives: ALBSC
Stand beim Lycée Josy Barthel
Foire des sections et métiers am Lycée Josy Barthel.
Och héi ass ALBSC mat engem Stand vertrueden.
Generalversammlung
Den 31 Mäerz 2022 haten mir eis 8 Generalversammlung. Mat iwwer 60 Memberen war dës Generalversammlung déi mir rëm ënnert normalen Konditiounen konnten ofhalen en super Succès. No enger Introduktioun vun eisem President, dem Aktivitéiten Bericht vum Sekretär an dem Rapport vum Tresorier sinn souwuel Kotisatiounen wéi den Droit d’Entrée bei 40€ bliwwen. No enger Interventioun vun der Madamm Mireille Cruchten vum Ministère de l’intérieur an dem Vertrieder vum Syvicol a Gemengerot vun Hesper, dem Här Guy Wester iwwert déi geplangten Gemengereform sinn duerno unanime eis Statuten an dem Sënn geännert ginn dass Generalversammlung bis 30 Juni vun engem Joer kann ofgehalen ginn (soss war dat den 31 Mäerz) an passiv Memberen kënnen och Leit sinn déi net méi bei eis am Secteur schaffen. Den offiziellen Deel ass ofgeronnt ginn mat engem Éierewäin an engem Iessen wou sech Leit, an enger gemittlecher Atmosphär, konnten austauschen a den Owend ausklénge loossen.
Reaktioun op de rezente Communiqué vun enger Gewerkschaft
“An de Gemenge feelt et u Personal an den technesche Servicer” – RTL Journal
Et ass säit enger gewëssenen Zäit schonn kee Geheimnis méi, dass d’Ingenieur.innen fir d’Gemengen schwéier ze fanne sinn. Fir op dëse Problematik opmierksam ze maachen, si mir an d’Ëffentlechkeet gaangen.