Entrevue mat der LSAP
Austausch iwwert aktuell Problemer an d’Reform vum Gemengegesetz
17. Juni 2026
De 17. Juni 2026 hat d’ALBSC eng Entrevue mat der LSAP ofgehalen, fir sech iwwer déi aktuell Problemer am Secteur auszetauschen an d’Reform vum Gemengegesetz unzeschwätzen.
Am Mëttelpunkt vun dësem Gespréich stounge verschidde aktuell Erausfuerderungen, mat deenen d’Gemengen an déi concernéiert Acteure konfrontéiert sinn, souwéi déi méiglech Auswierkunge vun de geplangte gesetzlechen Upassungen.
D’Entrevue huet et erméiglecht, wichteg Uleies virzedroen an e konstruktiven Dialog iwwert d’Weiderentwécklung vum gesetzleche Kader ze féieren.